Impfpflicht fir bestëmmten Altersgruppen

Impfpflicht fir bestëmmten Altersgruppen

Eng Impfpflich fir Persounen an engem bestëmmten Alter déi generell als vulnerabel ugesi ginn

Points

Verschidden Altersgruppen (zB vu 60 Joer un) hunn generell ee méi ee grousse Risiko bäi enger Infektioun een schwéieren Verlaaf z'entwéckelen.

D'Proportionnalitéit vun der Moossnahm ass eventuell besser wéi eng generell Impfllicht: et ginn déi geschützt, déi wierklech geschützt musse ginn virum Sars-Cov-2.

Diskriminéierung vu verschiddene Gruppen, Bevirmondung vu verschiddene Minoritéiten, voire Agrëff an d'kierperlech Integritéit vun dëse Minoritéiten

D'Eethikkommissioun schwätzt sech géint esou eng Flicht aus "D'Julie-Suzanne Bausch preziséiert weider, datt eng Prioriséierung héchstens no Funktioune geschéien dierft, awer net no Parameteren, déi de Mënsch géingen ausmaachen." https://100komma7.lu/article/aktualiteit/julie-suzanne-bausch-ass-eng-impfflicht-eetesch-ze-vertrieden

Meng Kriebskrank mam well just nach dei Zeit ausliewen dei si huet. Se woolt keng chimeo an ech keint net daat verantworten sou eng Pflicht ze ennerstetzen. Sie huet genuch gelidden.

Wann een mat deene bestëmmten Altersgruppen schwätzt an erklärt dann bedeelegen sie sech och. Soll een engem de Choix lossen.

D'Omikron-Variant huet (nom aktuell Stand vun den Informatiounen) ee méi mëlde Verlaf wéi déi vireg Sars-Cov-Varianten. Eng "Durchseuchung" kéint a Kombinatioun mat de ville Leit, déi scho geimpft sinn, och zur Herdenimmunitéit beidroen.

Back to group

This content is created by the open source Your Priorities citizen engagement platform designed by the non profit Citizens Foundation

Your Priorities on GitHub

Check out the Citizens Foundation website for more information