Eng generell Impfpflicht

Eng generell Impfpflicht

Eng generell Impfpflicht aféieren.

Points

Et ass ethesch net ze vertrieden datt et Länner ginn wou <40% geimpft si während mir jidderee boosteren. Ass eise marginale Gain vun enger Impfpflicht dofir vertriedbar? Cf WHO: « Vaccine booster dose policy decisions should be based on evidence of individual and public health benefit and obligations to secure global equity in vaccine access as a means to minimize health impacts and transmission, and thereby reduce the risk of variants and prolongation of the pandemic. » 

Et gëtt e Grondrecht selwer iwwert säi Kierper z’entscheeden.

Art 11 (5) Nei Verfassung : La loi règle..... la protection de la santé

3 Meint no menger Impfung goufe bei mir Härzproblemer festgestallt dei ech elo sait Oktober hun. Sin 37 Joer, gin all 3 Joer an Härzkontroll, machen Sport, BMI vun 24 an emmer Kärgesond. Mengen ech muss net mei soen zum Thema Impfung. Kennen zweschenzaitlech mei Leit mat langfristegen Impfproblemer wei Leit mat schweirem Coronaverlaaf.

Punkto Dateschutz a Privatsphär: soll de Staat kënnen op ee Fichier zeréckgräifen wien geimpft ass a wien net?

D'Fro déi en sech och am Zesummenhang mat enger Impfflicht stellen muss ass; hunn mir déi Ressourcen fir d'ganzt Land all 6-9 Méint duerch impfen ze loossen? Déi Dokteren an Infirmieren feelen dann op aneren Platzen wou oft schonn net genuch Personal ass. Dann misst en, op eng ondefinéiert laang Zäit mat den Impfzenteren weider fueren, well och d'Hausdokteren hunn nach aner Patienten. Et muss een drun denken dass Gesondheetspersonal net just fir Covid Patienten an d'Impfungen do ass. 

Addendum zum Punkto Profiter vun de Pharmaveräiner: mir fuerderen een Aussetze vum Patentrecht op allen existéierenden Impfstoffer fir Covid

Onkloer, wat ee sech duerch eng Impfflicht versprécht. U.A.E mat Impftaux >99% (https://www.nytimes.com/interactive/2021/world/covid-vaccinations-tracker.html) nach ëmmer staark vu Covid betraff an ënner Restriktiounen (https://www.reuters.com/world/middle-east/daily-covid-cases-saudi-arabia-above-1000-continue-climb-uae-2022-01-02/ an https://www.thenationalnews.com/uae/2022/01/11/dubais-covid-19-close-contact-rules-all-you-need-to-know-about-quarantine-and-pcr-tests/)

Back to group

This content is created by the open source Your Priorities citizen engagement platform designed by the non profit Citizens Foundation

Your Priorities on GitHub

Check out the Citizens Foundation website for more information