Eng generell Impfpflicht

Eng generell Impfpflicht

Eng generell Impfpflicht aféieren.

Points

Mir kommen enger Herdenimmunitéit méi séier méi no.

Aktuell sinn all d’Impfstoffer just als Emergency Use Authorisation fräiginn

Mir géife méi séier eraus kommen aus dëser penibler Situatioun

Omikron hätt kéinte Variante ginn wou mir aus der Pandemie erauskom wieren, wa jiddereen geimpft wier, Ass stark ustiechend a fier geimpfter anscheinend net esou schlëmm.

Lëtzebuerg huet zanter 1976 keng gesetzlech Impfpflicht méi mee setzt op Fräiwëllegkeet an Informatioun mat engem finanzielle Belounungssystem.

Mir géifen aus der Pandemie an eng Endemie goen

Et gëtt e Grondrecht fir jiddereen op Gesondheet

Et ass onkloer wéi vill Impfungen schlussendlech e « schéma vaccinal complet » wäerte sinn

Daat ass e gudde Punkt mee do gouf et dach an Afrika, ech wees Land elo net méi, déi eis Spenden vun AstraZeneca net wollten. Vun dohier muss een och kucken dat déi déi deier bezuelen och all geschützt sinn an duerno den méi arme Länner Vaccin schenken

Mir haaten eng generell Impfflicht an déi huet eis dach ganz vill Krankheetheeten verhënnert

Fir d'Bekämpfung vun der Pandemie a punkto Effikassitéit am Beschten well ee Maximum geimpft gëtt.

Box of Pandora: Präzedenzfall dee vläit an Zukunft eng Dier opmécht, déi mer dann net méi zoukréien?

Soll de Staat dierfen an d'Integritéit vun engem sengem Kierper agräifen?

Niewewierkungen (kuerzfristeg a laangfristeg) vun den Impfstoffer nach net bekannt? Quid: wat geschitt wann mer an Zukunft all Joer Impfe mussen. Fir ee Grupp vun'Impfskeptiker z'iwwerzeegen, musse mer waarden, well si sécher wëlle sinn, dass si keng Versuchskanengecher sinn.

Wann d'Ziil et ass, di vulnerabel virum Covid ze schützen, ass eng generell Impfflicht dann net demesüréiert, well wann déi "Schwaach" all geimpft sinn, ass de Risiko fir si de Facto vill manner?

Mir géifen villäicht séier déi gefroten Herdenimmmunitéit areechen mee zu wéinegem Präis? Wat wier mat deenen Leit déi sech trotz Impflicht net Impfen? Wat sinn Sanktiounen fir des Persounen an wiren dei ze vertrieden? 

Ass et sënnvoll an machbar fir d'ganz Land all 6 Méint ze impfen?

Wenn den Vaccin infektiounsketten briechen keint wei bei aaner Impfungen keint een nach diskuteieren. Am moment ass d'Impfung greistendeels een selbstschutz. Iwerlaaschten Spidoler krit een nemen mat investissementer an Karrieren an Material geleist. Speitstens wenn den Grond Naturkatastrophen ass wessen mer daat. Do kann een den Problem net kuerzsichteg wegimpfen. Ausser et Hetzt een dann geint Klimaflüchtlingen.

Eng Impfplicht an desem Kader ass eng Kart blanche vir Pharmakonzerner vir Suen ze maachen ouni mussen ze Argumenteieren virwaat et neideg ass. Mat deenen Kondamnatiounen dei Pfizer an co schon kruten weinst Korruptioun an Scharlatanismus ass daat ganz gefeierlech.

Wenn Kollektiviteit iwer eenzel Freiheet gesaat guff waren et autoritär Regimer dei an Krich, Aarmut an Ennerdreckung geennt sinn (URSS, DDR...). D'idee ass schein awer iergentwann muss een ufänken ze zwengen. Ech ennerstëtzen keen Staat deen fuerdert Konviktiounen, Religioun/glaawen oder Gesondheet opt spill ze setzen vir eng Kollektiviteit. Och Wëssenschaftler Irren sech. Frei Gesellschaften waren bis lo emmer op der richteger Seit vun der Geschicht.

More points (8)

Back to group

This content is created by the open source Your Priorities citizen engagement platform designed by the non profit Citizens Foundation

Your Priorities on GitHub

Check out the Citizens Foundation website for more information